Den Engel Gabriel ass vum Herrgott an eng Stad a Galiläa geschéckt ginn, déi Nazareth heescht, bei eng Jongfra, déi engem Mann versprach war, dee Jouseph geheescht huet an aus dem Haus vum David war. Dës Jongfra huet Maria geheescht. Den Engel ass bei si eragaang a sot: "Free dech, du hues Gnod geschenkt kritt! Den Här ass mat dir." Dës Wierder hunn si duerchenee gemaach, an si huet sech beduecht, wat dee Grouss heesche kéint. Du sot den Engel zu hir: "Fäert net, Maria! Du hues näämlech Gnod beim Herrgott fonnt. Kuck, du kënns an aner Ëmstänn a kriss e Jong; dee solls du Jesus nennen. Hien ass derzou bestëmmt, fir grouss ze sinn a Jong vum Allerhéchste genannt ze ginn, a Gott den Här gëtt him den Trou0.22908083226309306
Инфа — 11%